Kishore Kumar Hits

Serge Tonnar & Legotrip - Bonjour & Awuer lyrics

Artist: Serge Tonnar & Legotrip

album: Bommeleeër Buddha

Wat ass en Haus wou kee méi dra wunnt
Wat ass eng Stad wou se all ausgezunn
Wat ass schonn en Haus wa kee méi dra wunnt
Wat ass eng Stad wou se all ausgezunn
Wat ass e Pëtz ouni Waasser a Gronn
E Kierchtuerm wou d'Klacken net lauden all Stonn
Wat ass e Schëff ouni Steier am Stuerm
An ouni Feier wat ass dann de Liichttuerm
E Karussell wa keng Kanner do sinn
Ass dat nach e Wee, dee féiert néierens hinn

Bonjour an Awuer, ech muss mech vu mir trennen
Mäin Numm ass just e Wuert mat deem dir mech wëllt vernennen
Dee Mënsch deen ech mol wor ass am gaange fort ze rennen
Dir braucht och net ze maachen wéi wann der mech géift erkennen
Bonjour an Awuer, ech muss mir selwer Äddi soen
Ech muss ëmmer rëm fort an da bleiwen ech kuerz stoen
Dann dréinen ech mech ëm fir de Wee zeréck ze goen
Ma ech muss ëmmer méi wäit an och ëmmer vill méi laang goen
Bonjour an Awuer, ech muss mech vu mir trennen
Dir braucht awer nach net all meng Saachen ze verbrennen
Bleift nach e bëssen hei och wann ech iech net gläich erkennen
Well ech kommen heiansdo rëm an u wee soll ech mech da wennen
Bonjour an Awuer, ech muss mir selwer Äddi soen
Ech weess net ween ech sinn an ech kann dës Welt net verstoen
Ma wee weess scho ween en ass, wee kann dat vu sech soen
A wee ka vu sech soen dass en dës Welt ka verstoen
Bonjour an Awuer
Ech muss mech vu mir trennen
Bonjour an Awuer
Ech muss mech vu mir trennen
Bonjour an Awuer
Ech muss mech vu mir trennen
Bonjour an Awuer
Ech muss mech vu mir trennen
Am Haus wou kee méi wunnt do ass Plaz méi wéi genuch
An déi verloosse Stad kënnt d'Natur nees op Besuch
An de Pëtz ouni Buedem ass an d'Onendlecht gewuess
A wann d'Klacken net lauden vergeet d'Zäit méi lues
An ee Schëff ouni Steier geet duer wou et wëllt
An de Liichttuerm deen aus ass weist de Wee bei d'Stëllt
Um Karussell ouni Kanner fueren déi Al lo drop
An de Wee deen néierens féiert hällt och néierens op

Поcмотреть все песни артиста

Other albums by the artist

Similar artists