Keen Neon virun der Dir Kee Schëld an enger Rumm Kee Parking fir d'Gefier Dee Bistro hat keen Numm Bei engem Humpen An enger Drëpp Sëtzen d'Bopen um Stamminee beim Pëpp Bei engem Humpen An enger Drëpp Sprangen d'Bopen dem Doud vun der Schëpp Haut steet do eng Bank A wa mir bis Bope sinn Eleng an al a krank Wou gi mir dann hin? Fir eisen Humpen A fir eis Drëpp Wou sëtzte mir dann wann et kee Pëpp méi gëtt? Fir eisen Humpen A fir eis Drëpp Wou sprange mir dann dem Doud vun der Schëpp? An d'Moral, wann et eng gëtt Dir Meedecher a Jongen Net ëmmer heescht de Fortschrëtt Dass mer och viru kommen Drénkt mol een Humpen Drénkt mol eng Drëpp Wéi deemols d'Bopen um Stamminee beim Pëpp Bei engem Humpen An enger Drëpp Sprangt mat de Bopen dem Doud vun der Schëpp