Grouss Gefiller maache mech ganz kleng Mee trotz dem Gewiicht, droen ech se ganz alleng Sie fale mir an ďWuert, sie huele mer meng Sprooch Dat ganzt Alphabet läit op eemol gro Wa näicht soe Gold ass, sinn ech ee vun de Räichen Mee kann ech mat dem Gold och meng Scholde begläichen Oder hëllt deng Bank mäi Gold guer net un Well ech Hypothéiken op de Gefiller hunn A well et ëmmer Sonndes ass A well ee Sonndes do seng Séil verkeeft A well's du dach dat Eenzegt bass Wat och nach Sonndes u mech gleeft An ech sinn ëmmer just ee Mann deen "Et deet mir Leed" net soe kann A wéi ee Mann, net ganz originell Soen ech et mat Blumme vun der Tankstell Du bass de Moien nach an de Butték gelaf Hues do eng Schëpp an ee Kichemesser kaaft Déi al ware schéngt et net méi schaarf Mee ech duecht alt ee Messer gehéiert an de Kicheschaf Du sooss déi Blummen, déi wierken nez méi echt T'sinn net déi éischt, mee lo sinn et déi lescht Ech hunn am Gefill, du hues keng méi Loscht Mee vläicht läit dat och um Kichemesser an der Broscht A well et schonn nees Sonndes ass A well ee Sonndes bäi seng Séile geet A well's du dach dat Eenzegt bass Wat och nach Sonndes bäi mir steet An du bass ëmmer nach eng Fra an D'Revanche ëss du gäer als kale Plat Fir mat op d'Graf keefs du nach ganz schnell Ee Bouquet Blumme vun der Tankstell Vun der Tankstell Vun der Tankstell Ee Bouquet Blumme vun der Tankstell