Ech leien do wéi een Hond meng Wonnen ze lecken An ech fanne kee Grond fir net gläich ze vrecken An d'Sich no der Schold ass onnëtz, ech weess Hätt ech et och anescht gewollt, sie hält op bei mir nees 'T gëtt eng Zäit fir an de Krich ze zéien An eng fir ze kapituléieren Eng Zäit fir héich eraus ze fléien An eng fir landen ze léieren ♪ An ech gleewen u kee Gott deen dat kéint an d'Rei man An ass alles kapott, muss ech selwer nees nei man Awer ech gleewen un dech A wanns du mer verzeis, gleewen ech och nees u mech An ech gleewen un eis 'T gëtt eng Zäit fir an de Krich ze zéien An eng fir ze kapituléieren Eng Zäit fir um Buedem ze knéien An eng fir opstoen ze léieren Kanns du mech erhéieren ♪ Erhéier mech, wann ech schwaach sinn a krank sinn Erhéier mech, wa meng Geeschter sech d'Hand ginn Erhéier mech, wann ech vum Soff scho bal blann sinn Erhéier mech, wann ech un der Dier vum Wan stinn Erhéier mech, wa kee méi mech kann erhéieren Erhéier mech, wann ech schonn dem Däiwel gehéieren Erhéier mech, wann d'Engelen mech scho kommen héieren Erhéier mech, sou wéi och ech dech erhéieren