Kishore Kumar Hits

Serge Tonnar & Legotrip - Laksembörg Sitti (Live) lyrics

Artist: Serge Tonnar & Legotrip

album: Legolive


D'Stad heescht Stad an net Laksembörg Sitti
Dat weess hei am Land dach all Kätti an all Pitti
Zu Diddeleng d'Ignitti an zu Ettelbréck all Litti
All Strummert op der Gare an am Pescatore all Ditti
D'Haaptstad vum Land heescht ganz einfach Stad
Well de Lëtzebuerger jo soss keng Stad méi hat
Mee d'Stad gëtt sech glat, dat wat gëllt ass d'Fassad
Mam Reklammenapparat e Facelifting gemaacht
Ech sinn ee Stater Jong ma vun där Stad kréien ech de Sout
'T ass keng Stad fir dran ze liewen an no sechs ass se dout
An denkt emol drun, tëscht de Bijouen an der Moud
Virun 100 Joer gouf um Glacis nach geplout
Vum Bauer zum Banker an dat ouni Tëschestopp
An de Piff hängt hinnen nach un de Suelen drop
An déi Stader Politiker gi sech gär ganz top
Mee hier Zopp ass ee flopp, Laksembörg Sitti, hal dach op!
Laksembörg Sitti, very pretty
Very dout, dout, very dout, dout
Laksembörg Sitti, what a pity
Very dout, dout, very dout
Ech sinn een Zolwerbouf a wëll déi Stater net verletzen
Si hu schliesslech keng Arbed mat där si sech kënne bretzen
Ech wëll näischt dovu wëssen an um Aasch sëtzebleiwen
Ech loosse mer léiwer eppes vun den Inder virschreiwen
Well d'Haaptstaat vum Süden, jo dat ass de Minett
Déi mat der rauer Binett, gleew mer, fro mol d'Ginette
Mee an der Stad leeft eng, op mannst bis sechs Auer
Dat eenzegt wat's de bei eis gesäiss ass den Traktor an de Bauer
Ech sinn een Zolwerbouf an ech ginn hei net mei fort
Mir hun zwar vläicht kee Smog, mee dofir feine Piffgeroch
An ee Minetter braauch kee Schickimicki a keng Moud
Well irgendwéi gëtt bei eis haut nach geplout
Mir si sou wéi mir sinn, vun der Long op d'Zong
Eis Fangerneel si knaschteg a mir hu Bulli un de Schong
Jo déi Stater kënnen eis Mentalitéit roueg haassen
Well mir eis wéi déi Mierscher net mam falsche Glanz befassen
Laksembörg Sitti, very pretty
Very dout, dout, very dout, dout
Laksembörg Sitti, what a pity
Very dout, dout, very dout
Ass dat esou?
Ass dat esou?
Asou?
Ass dat esou?
Léift Kätti, léiwe Pitti, ech wunnen zwar zu Miersch
Mee meng Eltere si Minetter, an ech si vum Lampertsbierg
Ech weess vu wat ech schwätzen, an als Stater son ech iech
Déi Stad ass sat ze glat vum Gronn op de Kierchbierg
Lauter iwwel Fierz déi d'Loft mat hire Kare verpeschten
D'Haaptsaach d'Paltongszéier, déi kommen op hir Käschten
Wou si mir geland, mir liewen an enger Plastikswelt
Wou jideree sech sou gëtt datt een deem anere gefällt
Léif Stater Harrien, mir wëssen net wat dir gär hätt do
Eng Stad ass dach keng VIP-Lounge a keen Entertainment-Ghetto
Amplaz all Bopebistro an all Bomebuttek ze verjon
Loost se gon, loost se ston, loost mol neess eppes entston
D'Stad gehéiert net de Flicken an och net de Paschtouren
A scho guer net dene Bloen déi eis de Kapp voll souren
Maacht d'An op, a spëtzt emol är Ouren
Well eng Stad gehéiert och de Fixe an den Houren
(Houren, Houren, Houren)
Laksembörg Sitti, very pretty
Very dout, dout, very dout, dout
Laksembörg Sitti, what a pity
Very dout, dout, very dout

Поcмотреть все песни артиста

Other albums by the artist

Similar artists