Ech sëtzen hannen an der Klass Well et hei hanne besser ass An t'ass krass wéi d'ganz Klass Hei vun hannen anescht ass Hei hues de d'Iwwersiicht Iwwert dat ganzt Geriicht A ganz liicht eng gestiicht Baussent dem Riichter senger Siicht An d'Kanner hu gelaacht Wann ech meng Dommheete gemaacht A wann de Witz eppes gedaacht Hunn d'Proffen an de Baart gelaacht Ma gëtt aus dem Witz Kritik Eng kleng Pick an all Replik Da kritt de Schüler den Hick An de Proff tickt wéi ee Flick De Klasseklon ass net méi Klaass An déi ganz Klass versteet kee Spaass Spiers den Haass, gëss gär Gas Mee stees am Reen a gëss ganz naass T'ass de Präis deens de bezills Wanns de net no de Regele spills Wanns de net bäiss awer bills A wanns de dech gäer selwer zills Ech sinn de Klasseklon Ech lafen virun de Won Soss bleift dee Won nie ston Wéi bäi all Klasseklon Ass net alles wat ech son Als Witz ze verston Ech sinn de Klaseklon ♪ Ech streeë Salz op d'Wonnen An ech kucken no puer Stonnen Op meng Zooss huet gebonnen Sou kommen ech iwwert d'Ronnen Ech setzen d'Punkten op den I Soss kritt dee seng Punkten nie C'est fini mon ami Dem Chef säi Fiffi ginn ech nie Ech geheien Ueleg an d'Feier T'ass mer net ëmmer ganz geheier Heiansdo gëtt dat mech eng Deier Ma ech sinn dach kee Fudder fir de Geier De Klon bekennt ëmmer Faarw Ass op kengem Ouer daf En hëllt net alles mat der Kap A léisst dem Liewen net säi Laf Well de Klon ass och Rebell Bréngt och Noriichten aus der Hell An dann denken d'Leit ganz schnell Dee wär dach besser an der Zell An dofir zitt e sech zeréck De Mëttelfanger gezéckt Net laang gezéckt an net gebéckt Säin eegent Stéck vum Gléck am Bléck Ech sinn de Klasseklon Ech lafen virun de Won Soss bleift dee Won nie ston Wéi bäi all Klasseklon Ass net alles wat ech son Als Witz ze verston Ech sinn de Klaseklon ♪ Ech soen de Klon ze verston ass schwéier Dofir muss e gon Net vill ze son, stellt vill domm Froen Bis d'Leit en net méi verdron E lieft säi Liewen zréckgezunn Kuckt sech d'Saach vu baussen un E fiert a senger eegener Bunn E kënnt och heiansdo déif geflunn A wat wär wa kee Klon do wär Dann heescht et rëm den Här ass Här A Max ass Max ganz regulär Sou hunn déi Hären dat och gär Wee rëselt dann un der Hyrarchie Vun eiser Olygarchie Wou bleift de Fonken Anarchie An der Banannemonarchie? Et ass kee Klon méi am Land Da feelt dem Land de Verstand Ass alles an Rand an am Band Da kennt kee méi den Numm vum Kand ♪ An um Klon sengem Graf Pinscht kee Patron a kee Paf Am horizontale Schaf Schléift de Klon elo ganz brav D'Famill steet do ze ston De Klon brauch sech net beklon Säi Bouf huet d'roud Nues ugedon Hei kënnt dem Klon säi Klon (Klon, Klon, Klon, Klon, Klon, Klon, Klon, Klon) Hutt der gehéiert wat ech son? (Wat ech son, wat ech son, wat ech son, son, son) Hutt der iech och waarm ugedon? (Waarm ugedon, waarm ugedon, don) Hei kënnt een, dee wärt iech eppes ganz anescht son (Ganz anescht, ganz anescht son) Hei kënnt dem Klon säi Klon ♪ Dem Klon säi Klon (Säi Klon, säi Klon) Dem Klon säi Klon (Säi Klon, säi Klon) ♪ Dem Klon säi Klon ♪ Ech sinn dem Klon säi Klon Ech lafe virun de Won Soss bleift dee Won nie ston